| Wëllkomm op Anilux.lu, dem lëtzebuerger Portal fier äer Anime, Manga, an Videospillhobbien. Den Anilux organiséiert all leschten Samsten vum Mount säin Treffen, an jiddereen ass häerzlech drop invitéiert. Fier iech am Forum anzeschreiwen, klickt heihinner. Soot eis och ween der sidd, am Fierstellungsberäich. Weiderhinn nach vill Spaass op der Säit! Aërt Luluriel an ären Seku |
|---|
Néiegkeeten
Sushis-Jubiläumstreff dësen 30 Januar
| Jan |
| 30 |
| 14:00 |
Schon sinn mer nees Januar, daat alt Joer waar schnell eremgaangen, an ech hoffen dir sidd all mei oder manner gudd gerutscht.
Januar ass ower och den Mount wou Anilux gegrënnt ginn ass, an daat muss dann och ë bessi gefeiert ginn.

Sushi (nit dem Sasumi sëng Kannëngchen)
Vu que daat näischt sou gudd schmaacht wi selbstgemaachenes (also, wann et weinstens hallefweegs gelongen ass), bastele mer dëss Kéier eisen Sushi selwer, nämlech am Sall. Mer brengen all d’Ingredienten matt, daat mer noom Tuer kënnen lassleen an di Déieren selwer rullen. Keng Suerg, d’Auswiel wäert grouss genuch sinn daat fier jiddereen Gusto eppes derbäi wäert sinn (ausser Kannëngchen)
Dofier giffen mer iech och froen op jiddereen deen wëll mattrullen an mattiessen eis kéint 5 Euronen bäileen fier d’Käschten ze decken (also nit dei di um Baam wuessen). Daat mer och wëssen weifill Räis, Fësch, Geméis an Kannengerchesfleesch mer sollen ankaafen, mellt iech onbedingt am Forums-thread un, daat mer wëssen weifill daat mer kaafen sollen.
Treffen wi ëmmer ëm 14h00 op der Gare, een Tierchen duerch d’Butécker, an dann *rullrull*.
Bis dann,
äre Seku.
Japanesch Sendungen op 3Sat
Salut alleguerten,
3Sat huet ab en Meindeg eng Themenwoch iwert Japan. Do sinn ganz vill verschidden Reportagen, Interviewen an Filmer zu deenen ganz verschiddensten Themen ronderem Japan.
Hei mol en puer Beispiller
- Meindeg: en Interview mam Ryuichi Sakamoto (22h25)
- Denschtes: Das Schwert des Samurai (20h15)
- Mettwochs: Sterben für die Firma, Arbeitsstress in Japan (21h00)
- Donneschtes: Von Geishas und Gameboys, Japan im Umbruch (20h15)
- Sonndes: Versessen auf Essen, Gesunde Kost aus Fernost (20h15)
… ann nach vill aaner Sendungen, insgesamt 25 Steck.
Fir den ganzen Programm kuck einfach mol op der Homepage vun 3Sat
Ierch all een schéint neit Joer!
Hoffen der hudd ierch all gudd duerch d’Feierdeech gefriess, an sidd gudd gerutscht
Bis um nächsten (Jubiläums-)Treff, wann den Kalenner een Joer weiderdréint, gëtt och Anilux een Joer mi aal!
Anilux Treffen Dezember 2009 – Krëschtfeier
| Dec ’09 |
| 19 |
| 14:00 |
Moien alleguerten,
Eis nächst Aniluxtreffen wärt eng Krëschtfeier sinn. Et wärt des keier alles en bessen aanescht ewei gewinnt ooflaafen an et gett och nach ganz vill firzebereeden an ze klären, mee ech probeiern daat hei mol esou iwersiichtlech wei meiglech ze maachen.
1. Den Datum
Eis Krëschtfeier ass Samsteg, den 19. Dezember 2009. Mer treffen eis doweinst wei gewinnt um 14:00 Auer op der Gare. Welchen Tour vun den Geschäfter mer maachen kucken mer dann och op der Plaatz, denken ech.
Am Dezember verleen ech eist Treffen emmer eng Woch fir, well en Treffen genau teschend den Feierdeeg net besonneg gudd wär. Do sinn en puer Leit an der Vakanz an aanerer wellen och leiwer en bessen an der Zeit ausspaanen, doweinst ass Dezembertreffen eigentlech den 2. leschten Samsteg am Mount.
2. Den Krëschtbeemchen
Ech wärt mein Krëschtbeemschen mattbrengen. Et ass zwar en kënschtlëschen, mee wirklech schein gemaach an och ziemlech grouss (2,15m)
Dekoreiern wärten mer en mat Anime-Plüschen. Doweinst wär et flott, wann jiddereen vun Iesch engkeier doheem giff kucken op en net en puer Plüschen keint dofir matbrengen. Sie sollen net mei grouss wei 15 cm sinn an eppes mat Anime, Manga oder Videospiller ze dinn hun. Fir datt jiddereen seng Plüsch henno och eremfennt, wär et flott wann der se irgendwei keint markeieren (grengen Band, oder Initialen irgendwou, oder soss eppes)
Ech hun och en puer Seissegkeeten kaaft fir op den Beemchen ze hänken, dei dann och während dem Owend därfen giess ginn ^^
Ausserdem hun ech geduecht, dass mer am Plaatz vun traditionellen Bullen einfach keinten dier Bullen, dei een aus deenen Apparater dreinen kann, giff dekoreieren. Do kann een jo eng Schnouer durchzeien an se mat Kamellen fellen
3. D’Iessen
Et wär flott wann jidereen eng Klengeschkeet keint matbrengen. Ech probeieren och eppes ze baacken. Ween gären baackt kann jo Weihnachtskischelcher baacken oder en Stollen. Ween net baacken kann, brenge vielleicht einfach eppes kaaftes matt, wei Marzipan, Schokostären, Spekulatius, oder soss eppes këschtdaagleches. D’Gedrenks kucken den Seku, Tchii an ech ze organiseieren. Muss mol kucken op ech vielleicht mein Waasserkacher matbrengen, dass mer leckeren Tei oder esou maachen können.
4. Den Kado
Lescht Joer hun mer eng kleng Bescheerung gemaach. Jidereen huet en klengen Kado matbruecht, an huet dofir en Kado vun engem aaneren kritt. Well daat lescht Joër esou flott war, well mer daat och dest Joër erem maachen.
Fir all dei Leit, dei wellen mattmaachen gellen folgend Regelen :
- Den Kado därf net mei wei 7 Euro kaschten. Et muss näischt kaaftenes sinn, och Biller, Bastelsaachen oder soss Kreativiteiten sinn erlaabt, sie sollen awer vun Härz kommen ^^
- Den Kado muss angepaackt sinn. Also en scheinen Pabeier drem an et wär praktesch wann se och en Putsch drop hätten, esou dass ech Etiquetten kann drunhänken.
Bescheerung wärt dann esou ooflaaften, dass wann mer am Sall sinn, jidereen sein Kado oofgett. Deen noteieren ech dann enert enger Nummer. Wann all Kadoen do sinn, dann lousen den Seku, Tchii an ech Kadoen aus, an schreiwen, och drop vun weem an fir ween den Kado ass. Ech denken et wär flott, dann Kadoen ennert den Beemchen ze leen an och en puer schein Photoen ze maachen ^^
5. D’Virbereedungen an Leit dei hellefen wëllen
Well daat heien eng en bessen mei grouss Saach wärt ginn, können dei Leit dei eis dekoreieren wellen hellefen ab 10 Auer bei den Sall kommen. Do wärten mer reichlech ze dinn hun, an all hellefend Hand all wëllkomm.
6. Den Ooffall
Jo, och daat geiert dozou, an doweinst wär et flott wann der desen Aktikel dozou keint liesen.
Ech freen mech schon total op eis Feier an hoffen dass der all kënnt kommen
Den Ooffall vum Anilux-Treffen
Daat ass en ganz wichtegen Punkt fir mech. Leider huet den Sall bis elo nach emmer selwer keng Dreckskeschten, doweinst hun ech dei lescht Meint emmer den Dreck mat heem geholl an hun lescht Woch probeiert den ganzen Chaos vun Tuten an Dreck ze sorteiern fir en an den Recycling können ze brengen.
Doweinst hoffen ech, dass der mer des keier an deem Punkt en bessen keint hellefen.
Den Dreck muss getrennt ginn, an zwar richteg. Well wann alles falsch ass, mescht daat mer nach emmer duerbel Aarbecht, doweinst wär ech frou wann der all matkeinthellefen. Ech probeieren hei mol ze erklären waat een wou hinner sorteiert an och deementspriechend passend beschreftenen Tuten matbrengen an ophänken.
Also den Dreck gett getrennt an :
- Pabeier :
Do geheiert nemmen Pabeier dran, also Kadospabeier, Zeechenpabeier, Zeitungen, Karton…
mee keng Serveiten, oder Karton oder Tuten, wou nach Iessen dran ass. Och därf keen Selwerpabeier oder Plastik drun sinn.
- Bechsen an Plastik :
Do kommen Cola-Bechsen dran, awer och all Zort vun Plastik wei Plastiksfläschen, Plastik vun Verpackungen, Selwerpabeier, Chipstuten, Tetrapacks…
- Glas:
Falls der nach Glas sollt hun, dann stellt daat w.e.g. irgendwou zesummen, daat huelen ech och separat mat.
- Normalen Dreck :
Hei kennt alles dran waat net an eng vun deenen aaneren Tuten kann sorteiert ginn. Also och Iessensrechter, Serveiten, verdreckten Verpacckungen…
Et wär flott, wann an deser Tut net vill mei dran wär, well alles vun den Saachen schon schein an dei aaner Tuten sorteiert wär ^^
Wann irgendeppes net sollt kloer sinn, wou eppes hinkennt, dann froot mech einfach. Ech hoffen dass der all matthelleft an soen iesch elo schon merci.
Anilux Treffen November 2009 – MarioKart Tournoi
| Nov ’09 |
| 28 |
| 14:00 |
Mhh… daat heiten ass jo guer nit sou komplizéiert di Streck hei… Ween schéisst dann lo nees do matt Bananen rondërem? Lo huet deen mer mëng Roud geklaut! Neeen, ech gesinn näischt mei, blöden Tëntefësch do!!

In Soviet Russia, Mario karts you!
Sou ongeféier stellen ech mer eist Novemberstreffen fier; d’Wieder ass jo numool nit besonneg, an waat gëtt ët besseres wi sech kuscheleg an den Sall ze hocken an di aaner Leit probéiert vun der Pist ze fegen.
Dofier brëngen ech meng Wii matt MarioKart matt, natierlech och den Projektor daat jiddereen gesäit wou ët hingeet. Kucke mer ween vun eis di schnellsten Ronnen dréien kann
Op jidderefall misste mer genuch Spaass hunn
Ahjo, hei nach eng Lëscht waat mer gebrauchen kéinten:
- 2 x Wii Manetten
- 2 x GameCube Manetten
- Smash Bros (Wii)
- Mario Tennis (GameCube)
Wier frou wann mer di Saachen nach kéinten opdreiwen, einfach an d’Comments bei dësen Post derbäischreiwen waat der kënnt mattbrëngen
Merci, an bis nächst Woch!
Anicast Episod 3 ass do
Den Subenu & co hunn hieren drëtten Podcast fäerdeg, erooflueden kënnt der en hei : Anicast Episod 3
An hei den zougeheieregen Forums-Thread fier d’Diskussiouen
Vill Spaass beim lauschteren
Animatiouns-Café zu Monnerech
| Nov ’09 |
| 23 |
| 19:00 |
Ech hun grad um Eldoradion en interessanten Bericht iwert Animatiounsszene hei zu Letzebuerg heieren.
En Meindeg den 23. November 2009 soll um 19:00 zu Monnerech (am Centre Arthur Thinnes) en Owend gemaach ginn, wou iwert verschidden Themen iwert letzebuerger Animatiounszene kann diskuteiert ginn.
Hei ginn verschidden Themen vun der Animatioun an engem eischten Deel firgestallt, diskuteiert an verdeift.An engem zweeten Deel ginn dann Themen diskuteiert, dei am eischten Deel esou opgeworf wouffen.No den Diskussiounsronne können Leit wei et schengt, dann selwer en bessen tüfftelen an ausprobeiern, wei daat ganzt dann esou geet.
Entree ass gratis an et muss een sech och net unmellen. Fir dei dei interesseiert sinn können bei Eldoradio (am Audio Archiv) nachengkeier den Artikel lauschteren.
Stoffmaart an der Luxexpo
| Nov ’09 |
| 8 |
| 10:00 |
Et ass erem esou weit. Fir all dei, dei nach emmer net genuch Stoff hun fir hier zukünftesch Cosplayen ze bitzen, hun se hei elo Meiglechkeet sech mat dem Neidegschsten anzedecken an brauchen net mol wei fort ze fueren.
Et ass erem en Stoffmaart an der Luxepo. Hei sollen esou em dei 130 Stänn vertrueden sinn, mat Stoff an aanerm Bitzgeschier.
Fir weider Informationen zum Maart kuckt einfach op der offizieller Seit.
Den Maart ass en Sonndeg den 08. November an huet op vun 10 bis 17 Auer. Entrée ass gratis ^^
Wenschen iesch all vill Spass an dass der daat fand waat der sicht.
Biller vun Halloween
Ech waar erstaunt vum leschten Treff, huet vill mei laang gedauert wi ech mer jee fiergestallt hätt, an dann och nach gudd Laun iwweralll… ideal!Hei sinn och schons mools d’Biller, wann een e puer Moment nees rëmerliewen wëll:
Zur Erënnerung, d’Biller vun den aaneren Treffen kënnt der alleguer ënnert Media -> Gallerien -> Anilux Treffen fannen.
Bis di nächste Kéier,
äre Seku






